Literatuerm mat Kremart Edition (Programm nur auf Luxemburgisch) - 10/10/2021

Aquatower

10 Okt 2021

Literatuerm mat Kremart Edition (Programm nur auf Luxemburgisch)

Allgemeine Informationen


Datum
10 Okt 2021
Uhrzeiten
10:30 - 12:00

Programm

Um Sonndeg de Moie gëtt et erëm eng Liesmatinée - 50 Meter iwwert dem Buedem - fir Kanner vun 3-8 Joer!

Um Programm:

„D’Sandmeedchen“, op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen …, dat éischt lëtzebuergescht AR*-Kannerbuch, by Rotondes & Kremart. De Yorick Schmit hëlt Iech mat ville liewege Biller mat op d’Sich.

Ausserdeem:

de klenge Geescht, deen einfach anescht ass: rosa, léif an och e bësse fäertereg: "De Geescht Gubi",

déi neist Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: „De verluerene Schatz“

an nach e puer aner flott Kannergeschichten erzielt d’Christiane Kremer vu Kremart Edition.

*AR:  Augmented Reality / erweidert Realitéit

Entrée:

6,50 Euro pro Persoun

Abegraff ass: Liesung, eng Taass Kaffi/Téi/Schoki oder e Glas Viz an e Croissant

 

Umeldung ass obligatoresch via:

D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Platz ze kafen.


Newsletter